

Eisen gemeinsamen Pompjeesbau zu Steenem an der rue de la Montagne as den 05. Juli agewien gin.

Deen ganzen Komplex deen och nach aus engem Festsall besteet dreet den Numm: Fräihof.

Nachdem in Steinheim während einer Umfrage mehrere Anregungen zur Namensgebung des neuen Festsaals mit Feuerwehrbau eingingen, einigten sich die Räte auf den Namen „Fräihof“. Die Einweihung der Festhalle in Steinheim ist für den 5. Juli anberaumt.
(Wort: 31.05.08)


Bléck an d’Garagen – am Hannergrond eisen TLF 2000, deen d’Pompjée’en vun Rouspert matt op Steenem bruecht hun.


Well d’Sprëtzemhaus wéinst enger technescher Feelkalkulatioun deen een oder aaneren Meter ze kuerz gerooden ass, hu mir am Ufank den Tankwon net hannertzeg an den Bau eran gestallt. Geléist as den Probleem elo esou:

Openthaltsraum an Instruktiounsraum. An den Vitrinen as eng Sammlung vun internationalen Pompjéeswéen – geschenkt vum Pit Hoffmann (Ënnerkommandant vun Steenem
den Büro










2. April 2008 at 20:49
Tjo,….dann as en färdeg….an wéi et ausgesait as en op der Seit vun de Pompjéen och schons ze kleng. E vun den Elektriker war virun zwee Joer bei mir am AGT-Cours an hat gemengt, dat eis Gemeng eis awer e scheinen Bau dohinner gesaat hätt……bis dat hien gemierkt hat, dat just e klengen deel vum Gebäi fir d’Pompjéen as,…..hehe.
Oder sollten déi Responsabel ären schons am Hibleck op eng Régionalisatioun virausgeplangt hun.(Ironiemodus neess aus) Dann as et esou, dat kaum nach e lokalen Corps all Art vun Asätz ofdeckt. Dann hun déi eenzel Corps’en eng Spezialitéit fir déi se dann regional zoustänneg sin…..
23. April 2008 at 23:11
ma wéi et schengt get sech lo intensiv Gedanken driwwer gemach wéi dat Gebäi soll heeschen. Et get also e bedeitenden Steenemer gesicht…..
Als Alternativ kéint een sech jo och viirstellen op de Wee vun Uesweiler ze goen. Déi hun de Pompjeesbau nom Dennis Hastert benannt. Dat as Nokommen vun Auswanderer vun Uesweiler aus dem 19. Jh. Den Dennis Hastert huet et zum Spriecher vun der amerikanescher Chamber bruecht, d.h. an der formaler Hierarchie d’Nummer 3 hannert dem Präsident an dem Vize-Präsident. Ausserdem war hien an eng Reih Skandaler resp. Onregelméissegkeeten verweckelt.(http://en.wikipedia.org/wiki/ Dennis_Hastert) Fir net an déi Verlegenheet ze kommen an trotzdem Amerika Referenz ze erweisen géing ech virschloen en aneren zeitgenösseschen Amerikaner als Nummens-Patron ze wielen den wéi keen aneren weltweit kulturellen Afloss ausgeübt huet an enorm bekannt as: Homer Simpson.
Da wier et: Centre Culturel Homer Simpson. En as op menger hp bei den „friends“. Ech kann him jo mol eng e-mail man an en invitéieren…..Mol kucken wat e seet.
8. Juni 2008 at 23:41
Et gesait sou als wéi wann an eiser Toilette an an eiser Douche d’Entleftung géing fehlen,……Mir wärten mol mat der Gemeng driwwer schwätzen.
9. Juni 2008 at 10:52
Gëschter, während dem Tournois vum Bulleclub, do hätten mir och nemmen matt Krämpes et faerdeg bruecht den MTW vum Bau bis op d’Strooss ze kréien, fir mam Tankwon een Asaatz ze fuehren, keng Chance… d’Leit hun geparkt do, egal wou an iwwerall… Fräi Parkplaatzen fir eis-> keng eng… !!!
9. Juni 2008 at 11:19
hat ech geschter och um Rand matkritt. Ech koum vun der 125-Joer-Feier vun den Ettelbrecker Pompjeen an sin lanscht de Bau gefuer. dat war tatsächlech genau sou wéis de dat beschriwwen hats. Genee den Zoustand hate mer firin 2 Joer bei der gemeng virbruecht. Et as héich an helleg versprach gin, dat déi richteg Mesuren géingen ergraff gin fir dat ze verhenneren. Et get do nämlech e Riesenproblem wann an der Haal eppes lass as, wat Parkplaatzen ugeht. All Mensch well do parken, an zwar direkt dernieft. Ech gin davun aus, dat d’Zoufahrt zougeparkt as. An ech davun aus, dat an der Stroos d’Autoen just e symboleschen Passage lossen. Mir hun de Problem, dat mer mat eisen Privat-Autoen mussen weit fort parken an dann eist Equippement mussen dohinner schleefen (well jo mat Secherheet am Bau net genuch Plaatz as fir alles ennerzebrengen. A mir hun de Problem dat mer mat den Asaatzgefierer net rauskommen well alles zougeparkt as. Et kann en sech dann entscheeden ob en iwwert de Wues lanscht den Konschtterrain op d’Velospist fiert oder ob en eng Reih Autoen mam Gummibock op d’Seit dreckt……
Awer dat,wéi eng Reih aner Problemer am Kontext vun dem Bau,haten mer thematiséiert…..
16. Juni 2008 at 13:36
Hei nach e weideren Problem am Kontext vun dem neien Bau. Geschter hun mer virun den Paarten eng gut Partie vun eisen Schlaich oofgedreckt. Dobei huet natiirlech den TLF missen laafen.(Mir hun ganz vill ze din wa mer wellen de Bau fir d’Aweihung de 05.07. an engem akzeptablen Zoustand hun) Dat huet e Noper sou gestéiert, dat den sech opgefuedert gefillt huet fir zimlech hefteg ze intervenéieren. (Den détail heizou gin ech aus verschiddenen Grenn lo net hei). Iwwert déi konkret Situatioun eraus muss en sech e puer Froen stellen:
– Wat as dat fir e Pompjeesbau den just mat Aschränkungen kann genotzt gin ?
– Wat as dat fir eng NIMBY-Haltung (not in my back-yard), déi Leit dazou brengt fir hier Partikularinteressen op eng inakzeptabel Manéier an engem inakzeptablen Zoustand ze versichen duerchzesetzen ?
Et as enttäuschend ze erliewen, dat déi Leit, déi vill am freiwellegen Dengscht fir d‘ Gesellschaft schaffen an dobai oft grouss Risiken op sech huelen (kuck op „Einsätze“), sech mussen mat Zeitgenossen eremschloen déi an der Verteidigung vun hirem Gartenzwerg-Idyll den eenzegen Liewenszweck ze fannen schengen.
15. Juli 2008 at 09:15
Geschter, d.h. den 14.07. war am Fraihof eppes wat vill Publikum ugezun huet. Ech war laanscht kucken an hun gesin, dat zwar virun de Paarten keen Auto geparkt war awer vis-à-vis vun de paarten an am Wues stoungen Autoen. Ech soen et nach eng Kéier: Am Fall vun engem zeitkriteschen Asaatz kann et net sin bis irgendeen sech bequemt fir sein Auto ze reckelen. An et as och net an der Reih, dat mir dann sollen nach grouss Distanzen laafen resp. nach lang Parkplaatzen fir eis Privatautoen sollen sichen. Et war eng prinzipiell architektonesch Fehlleeschtung fir bei der Planung vun engem Pompjeesgebai de Fall vun Koinzidenz vun Asaatz an kultureller Veranstaltung net virzegesin. Och dat war schons fréihzeiteg gesot gin. Et as nach net laang hier dun hat ech viirgeschloen den Zougang vun der asphaltéierter Plaatz laanscht d’Velospist sou breet ze maan,d.h. einfach Schlaaken dohinner ze tippen, fir dat een am Noutfall kéint do rausfuehren. Do as lo een accès vir Velo a Poussette gemaach gin, awer naischt wat eis am Noutfall kéint dengen.
28. Juli 2008 at 13:02
Ech hun do nach eppes Interessantes fond:
http://www.fuk-nrw.de/imperia/md/content/fuknrw/praevention/uvv_feuerwehren.pdf
Do soll en bei §4 bauliche Anlagen kucken. Do steht, dat d’Wéer vun an- und ausrückenden Kräften sech net sollen kraizen.
„Dies kann erreicht werden durch zweckmässige Größe und Anordnung der An- und Abfahrten, Parkplätze und Umkleidemöglichkeiten“.
Ech mengen do hun e puer responsabel Leit an der Planungsphase vun eisem Spretzenhaus vergiess sech richteg ze informéieren…..
Zu Uesweller gesait dat awer net besser aus.
23. September 2008 at 15:07
Et schengt lo sowait ze sin, dat dat ganzt Gebäi, d.h. och eist Spretzenhaus soll oofgeholl, d.h. réceptionéiert, gin. Do sin ech mol gespaant wat do gekuckt get an wien do soll kucken. Ech hoffen, dat net déi Leit déi do op déi eng oder aner Manéier agéiert hun, och dé sin déi do réceptionéieren. Et kann net sin, dat sech do Leit selwer kontrolléieren. Wann dat de Fall wier, da kéint een sech den théater spueren…….Ech perséinlech géing et gut fannen, wann z.B. d’ITM (Inspection du Travail et des Mînes) dat Gebäi géing réceptionéieren, obwuehl déi just Secherheetsaspekter kucken……
17. Oktober 2008 at 17:45
…..mir hun haut (endlech) en Inox-Back un der Mauer festgemaach kritt(bei de Plättercher) fir dat mer mol eppes kennen éierbar botzen.
31. Oktober 2008 at 18:41
Haut de metten war et neess sou weit. Ech war mam Max virum Bau am gaang e Versuch mat Schnellugreff an verschiddenen HSR ze maan. Dat ganzt huet keng 10 Minuten gedauert. An schons hat ech den Buergermeeschter um Handy. Eisen „Frend“ hätt sech bei him iwwert den Kamméidi beschwéiert………Ech konnt matdeelen, dat mer souwiesou färdeg wieren.
AWER: As et normal, dat e Mensch mengt hien hätt eng Ursaach fir sech Freides nomettes em 14°° iwwert de Kamméidi vun engem Pompjeesgefier um Haff vum Pompjeesbau ze beschwéieren ? Ech mengen de Mann huet e medizineschen Problem an misst gehollef kréien.
21. Januar 2009 at 11:01
Muer, d.h. den 22.01. gesin mer mol wéi et mat der Plaatz as fir mam gefier aus dem Bau ze kommen wann decken Betrieb duerch eng „kulturell Manifestatioun“ an der haal as…..
23. Januar 2009 at 18:56
geschter (22.01.09) war jo dei „kulturell manifestatioun“ am fraihof, mat de gefierer wäre mer aus dem bau komm, awer et wier just zimlech eng gin vir mam tlf op d‘ stroos ze kommen……
6. April 2009 at 21:01
Ech hun héieren, dat déi zwee Parkplaatzen fir behennert Persounen lo sollen vis-à-vis vum Haaptagang vum Fraihof verluegt gin. Dat as mol eng gut Saach…..fir déi Behennert well se net méi mussen schlecht beliichten Traapen goen, a fir eis well mer dann Parkplaatzen fir den Service d’Incendie kennen an Usproch huelen.
6. April 2009 at 21:08
Gin déi 2 bai „eiser“ Diir dann elo och réservéiert Parklpaazen fir d’Pompjee? Oder sen déi dann künfteg fir jiddereen ze benotzen?