Den Übungskalenner (uklicken) vum Joër 2012 ass endlech online.

D’Übungen vum März sinn:

Mëttwoch 06.03.12 Instruktioun

Samschdes 10.03.12 RAGTAL

Freides 23.03.12 Übung

Archivfoto

Asazgrond: Accident matt 3 liicht Verletzte Persounen op der N10 Steenem – Iechternach op der Héicht vun A Wann

Asazzäit: 13.32

Asazdauer: 1H 10′

Agesaaten Gefierer: TLF2000 & MZF

Mannschaftsstärkt: 3

Ausserdeem op der Plaaz: Asazzenter Iechternach matt Sauvetage, Pompjeeën an Ambulanzen & Police Grand-Ducale

Gläich ee puer mol goufen d’Pompjeeën geruff wéinst festgefruehrene Schwanen op der Sauer zweschend Steenem a Rouspert. Mir fréen eis natirlech iwwer d’Opmirksamkeet vun de Leit géigeniwwer hierer Ëmwelt. Allerdéngs wéi den däitschen Naturschutzbund mattdeelt, ass ët ganz normal, datt Inten oder Schwanen op deene selwechten Plaze sëtze bleiwen vun dohir brauchen d’Leit sech iwwerhaapt keng Suergen ze maachen: „In der Regel frieren die Tiere aber nicht fest, sondern sitzen nur – auch auf dem Eis – ganz still, um Energie zu sparen“, erklärt de Walter Wimmer (NABU). „Wichtiger als vermeintliche Rettungsversuche, ist es dann, die Tiere nicht aufzuscheuchen, damit sie nicht zusätzlich Reserven verbrauchen“

Ët ass also méi wichteg d’Déieren nët ze stéieren oder ze stressen.

Dee ganzen Artikel vum NABU fannt dir hei: Warum Vögel nicht festfrieren

Den techneschden Déngscht vun der Gemeng deelt matt datt muer Drénkwaaserzoufuhr ënnerbrach gëtt:

Um konstante Trinkwasserqualität zu gewährleisten, wird das Wasserreservoir in Steinheim am Mittwoch, den 1. Februar 2012 desinfiziert.

Die Trinkwasserzufuhr ist vom 14.00 bis 17.00 Uhr unterbrochen.

Wir bitten sie die nötigen Wasserreserven anzulegen.

Wir bitten um ihr Verständnis.

Der technische Dienst.

 

 

Nodeems datt de Service d’Incendie et de Sauvetage Rosport vun der Gemeng offiziell den Optrag krut fir déi operativ Gefohrenofwier ze iwwerhuelen, huet logecherweis och eng Féiherungsstruktur missten op d’Been gestallt ginn. De Comité war jo ewell virun ee puer Wochen veräinsintern gewielt ginn, sou ass elo nach den Ënnerkommandant (Fritz Hoffmann) a Kommandant (Reiner Hesse) vun der Gemeng huet missten ernannt ginn, déi domadden an der Reegel fir mindestens déi nächst 5 Joër dëse Posten wärten droën. An dëser Gemengerotssëtzung, sënn awer och nach weider Themen beschwaat ginn, wéi een haut an der Press konnt liesen:

[...] Ein weiteres Schwerpunktthema der Sitzung war die Feuerwehr. Im Rahmen der regionalen Struktur soll [...] Spezialgerät angeschafft werden [...]. Rosport hat jetzt als letzte der 26 Ost-Gemeinden dieser Investition zugestimmt und wird einen Kostenanteil von 3 240 Euro übernehmen. Ziel ist es, dass sowohl Basis- als auch Spezialgerät regional vorhanden sind, um im Ernstfall schnellstmöglich vor Ort zu sein. Osweiler betonte jedoch, dass seitens der Gemeinde in jedem Einzelfall die Sinnhaftigkeit der Investition genau zu prüfen sein wird. Darüber hinaus hat der Gemeinderat beschlossen, grundsätzlich die Kosten bis maximal 1 750 Euro für die Erlangung eines Lastwagen-Führerscheins der Klasse C für Mitglieder der freiwilligen Feuerwehr zu übernehmen. Die jeweilige Person muss sich im Gegenzug jedoch verpflichten, zehn Jahre aktiv im Dienst der Feuerwehr zu sein. Neu besetzt wurden im „Service d’incendie et sauvetage“ (SIS) für Rosport der Posten des Korpschefs (Reiner Hesse) und der des Stellvertreters (Fritz Hoffmann). [...]

de ganzen Artikel fannt dir op mywort.lu

Asazgrond: Direkt no der Übung an der Ragtal: Uellegspuer an der rue Henri Tudor zu Rouspert.

Asazzäit: 15.24

Asazdauer: 40′

Agesaaten Gefierer: LF16

Mannschaftsstärkt: 12

Ausserdeem op der Plaz: /

Asazgrond: Beem iwwert Strooss (an de Lusen)

Asazzäit: 10.30

Asazdauer: 2H

Agesaaten Gefierer: MZF

Mannschaftsstärkt: 2

Ausserdeem op der Plaz: /

Asazgrond: De Stuerm Andrea haat Dachzillen iwwert enger Entreesdier vun engem Eefamillienhaus fortgeblosen. Wéinst der Gefor datt nach weider Zille kinnte gefall kommen, hu mer de Schued direkt behuewen.

Asazzäit: 14.00

Asazdauer: 1H

Agesaaten Gefierer: TLF & MZF

Mannschaftsstärkt: 4

Ausserdeem op der Plaz: /

Am letzte Joër ware mir am Ganzen op 68 Asäz. Verglach mam Joer 2010 oder deenen vu virdrunner ass daat méi wéi eng Verdueblung vun der Asazzuehl. Zréck ze féiheren ass dëst ënner aanerem op déi grouss Zuehl un “Harespelsasäz”, allerdéngs sënn och déi aaner Asäz an hierer Zuehl an d’Luucht gaangen.

De neie Comité vum Service d’Incendie et de Sauvetage Rosport wënscht alle Memberen an hierer Famill & deene 17.950 Visiteure vun dësem Site am Joër 2011 ee glécklech neit Joër!

 

President MAJCHRZACK Frenz

Vize-President HESSE Reiner

Sekretär WAGNER Yann

Caissier HOFFMANN Pit

Jugendpompjeeën ROEDER Gil

Beisëtzend HOFFMANN Fritz

Beisëtzend FRISCH Daniel

 

Weider Daten, déi dir Iech kennt virmierken:

Mëtt März: Generalversammlung

30. Juni: Sprëtzefest

Nächste Seite »

Follow

Get every new post delivered to your Inbox.